Science FictionZweeten Deel vun "Avatar" fir 2021 geplangt

RTL Lëtzebuerg
Am Dezember 2021 kënnt d'Fortsetzung vun der 3D-Geschicht "Avatar" an de Kino.
© twitter / Avatar

Wärend laanger Zäit war den éischten Deel ee vun den erfollegräichste Filmer weltwäit. Bis haut huet d’Produktioun vum James Cameron ganzer 2,78 Milliarden Dollar agespillt. Mat dräi Oscare gouf de Film fir déi bescht Kameraféierung, dat bescht Zeenebild an déi bescht visuell Effekter ausgezeechent.

No esou engem Erfolleg dierft et d’Fan-Communautéit freeën ze héieren, dass geschwënn eng Fortsetzung um groussen Ecran ze gesinn ass. 20th Century Fox huet op Twitter éischt Biller vun der “Avatar"-Sequel publizéiert, déi Loscht op méi maachen. Et geet net nëmmen zeréck a Pandora, ma Spectateuren “wäerten nei Deeler vun der Welt kenneléieren”, sou heescht et op Twitter.

Domat net genuch: 2 Joer méi spéit soll den 3. Deel erschéngen. Dat huet Disney den 22. Dezember annoncéiert. Am Zweejorestakt soll et da weidergoen: fir 2025 ass déi 4. Fortsetzung geplangt a fir 2025 déi lescht.

Back to Top
CIM LOGO