Zënter fënnef Joer schafft d’Sandra Lieners als fräischaffend Kënschtlerin. Mat der Uelegmolerei benotzt si eng traditionell Technik, déi déif an de Wuerzele vun der Molerei verankert ass. An der Galerie Ceysson & Bénétière weist si eng ganz nei Serie, déi Referenz un d’Konschtgeschicht mécht mam Fokus op der Representatioun vun der Fra. D’Sandra Lieners:
“Ech hunn de männleche Bléck op d’Fra, dee predominant ass an der Konschtgeschicht, probéiert esou ze hannerfroen, datt ech elo hei just Fraen, déi vu Frae gemoolt gi sinn, portraitéieren. An dat mat menger Charakteristik, dem Flou.”
D’Bedeitungsfro vun der Molerei an enger Zäit, wou villes digital ass – och dat ass en Aspekt, deen an hir Aarbecht fléisst.
“Et geet generell wierklech ganz vill ëm Representatioun. Et geet ganz vill ëm Molerei a sech ze froen: Wat ass iwwerhaapt Molerei a wéi hu mir vläicht och a verschidde Generatioune verschidden ästhetesch Critèren, an wéi eng Relatioun mir zu deenen hunn.”
Zënter 50 Joer schafft de Brandy hei zu Lëtzebuerg an am Ausland. De Konschtmarché huet sech, senger Meenung no, zënter der Finanzkris 2008 staark verännert:
“Et ass elo vill méi schwéier an awer total interessant well et muss een anescht denken. Fir mech ass et wichteg mat ze evoluéieren. Et kommen och wierklech vill jonk Sammler heihin, déi net just vu Lëtzebuerg sinn, mee vu Paräis oder Dubai. Dofir ass et eng grouss Chance, hei an der Galerie auszestellen.”
An der Galerie weist de Brandy, niewent enger Retrospektiv, och ganz nei Wierker, déi wärend dem éischte Confinement entstane sinn.
“Et si Formater, wou ech de Fong vun der Toile preparéiert hunn, eng relativ laang Aarbecht fir dat ze maachen. Eppes wat ech soss ni gemaach hunn. Soss hunn ech ëmmer direkt op menger Toile geschafft mat de Pigmenter an hei ass eben eng ganz aner Aarbecht. Fir mech ass et wierklech eng ganz nei Aarbecht déi duerch de Covid entstanen ass.”
D’Sandra Lieners an de Brandy hunn an ënnerschiddlechen Realitéiten ugefaangen an der Konscht ze schaffen. Ma d’Passioun fir d’Molerei ass awer déi selwecht. Bis de 19. Februar kann een d’Ausstellung an d’Galerie Ceysson& Bénétière kucke goen.