"Casa de Papel"Zwou nei Staffele confirméiert

RTL Lëtzebuerg
Bis Januar 2020 musse sech d'Fans nach gedëllegen, fir erauszefannen, wien déi drëtt Staffel iwwerlieft a wat mam Lissabon geschitt.
© Twitter / Casa del papel

Da kënnt nämlech déi véiert Season vu "Casa de Papel" eraus. Domat net genuch: De Spriecher vun der Produktiounsfirma "Vancouver Media" huet dem spuenesche Magazin "Formula TV" géigeniwwer an engem Interview matgedeelt, dass 2 weider Staffele confirméiert goufen. D'Dréiaarbechte fir déi 5. sollen deemno am Januar ufänken an am September nächst Joer ausgestraalt ginn. Déi 6. Season ass fir Mäerz 2021 geplangt.

Back to Top
CIM LOGO