
De Frank Beard ass dout. Den Drummer vun der Kult-Band "ZZ Top" ass am Alter vu 77 Joer gestuerwen. Dat huet säi Band-Kolleeg Billy Gibbons confirméiert.
De Beard ass op senger Ranch zu Richmond am US-Bundesstaat Texas am Krees vu senger Famill gestuerwen. Hie gouf doheem palliativ behandelt, esou de Spriecher vun der Band Bob Merlis. Rezent hat sech de Museker wéinst net genee präziséierte gesondheetleche Problemer vun der Tour vu ZZ Top zeréckgezunn.
De Sänger a Gittarist vun der Band Billy Gibbons huet de Beard als "gudde Frënd an treie Begleeder" beschriwwen. Mat sengem Doud hätt d'Musekswelt "de vun Natur aus innovatiivsten Drummer an e groussen a richtege Jong aus Texas" verluer. Dem Beard säi charakteristesche Rhythmus wier decisiv fir de Sound vu ZZ Top gewiescht. D'Band géif awer op Wonsch vun hirem verstuerwenen Drummer weidermaachen.
De Frank Beard gouf 1946 am texanesche Frankston gebuer an huet sech 1969 der Band ugeschloss. Zesumme mam Billy Gibbons an dem Bassist Dusty Hill huet de Frank Beard de Sound vum Trio vum schwéiere Bluesrock an den Ufanksjoren zu engem méi staarke vu Synthesizer gepräägte Stil an den 1980er Joren entwéckelt. Zu de gréisste Succèse vun der Band gehéieren nieft "La Grange" a "Sharp Dressed Man" och "Gimme All Your Lovin'". D'Band war och wéinst hiren opwenneg produzéierte Museksvideoe bekannt an huet dräi Mol den MTV Video Music Award gewonnen. Zanter 22 Joer ass d'Band och an der Rock & Roll Hall of Fame.
De Bassist Dusty Hill war schonn 2021 gestuerwen. Nieft dem Gibbons spillen haut de Bassist Elwood Francis an de Michael Monahan, dee fir déi aktuell Tour op den Drums agesprongen ass, zu der Band. Wéinst dem Doud vum Beard huet d'Band zwee Concerten ofgesot. Déi aner Optrëtter sollen awer wéi geplangt gespillt ginn.