Däitsch läit bei Wäitem vir, op Plaz 2 kënnt d'Englescht, dat déi franséisch Sprooch iwwerholl huet ...

Viru 35 Joer ass d'Lëtzebuerger Sproochegesetz a Kraaft getrueden, eng gutt Geleeënheet, de Sproochegebrauch um Smartphone ze analyséieren.

Infolux offréiert Informatiounen zu Projeten an Themen, déi am Institut fir Lëtzebuerger Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Uni Lëtzebuerg behandelt ginn. Ënnert anerem bitt den Institut eng App un, mat där d'Leit aktiv un Ëmfroe kënnen deelhuelen.

Nieft villen aneren Aspekter iwwert d’Verdeelung vun de Sproochen am Land froen d'Uni-Leit och no där Sprooch, op déi de Smartphone agestallt ass. Dës Sproochewiel reflektéiert natierlech just een Aspekt vun der aktueller Méisproochegkeet, déi et hei zu Lëtzebuerg gëtt.

Fir dëse Sondage hunn d'Experten hannert der App "Schnëssen" 1.832 Äntwerten analyséiert, vu Leit, déi all (ënner anerem) Lëtzebuergesch beherrschen, 6,6% vun hinne bezeechne sech net als lëtzebuergesch Mammesproochler.

© infolux (uni.lu)

Déi éischt Auswäertung presentéiert direkt eng Iwwerraschung: Et verwonnert net, dass d’Majoritéit vun 63% hiren Handy op Däitsch agestallt hunn, mä opfälleg ass, dass just 10% Franséisch a bal duebel sou vill Englesch gewielt hunn.

Et léiert een och, dass 4% vun de Leit hiren Handy op Lëtzebuergesch agestallt hunn, dat geet allerdéngs exklusiv op verschidde Modeller, déi mat engem bestëmmte Betribssystem funktionéieren.

Wéi ëmmer ass och déi Situatioun héich dynamesch an den Alter steiert de Choix vun der Sprooch. Iwwert d’Altersklasse verdeelt gesäit een eng Croissance vum Däitsche vu ronn 50% bei den eelste bis erop op 68% bei de jéngste Participanten. D’Sprooch, déi d’Prozenter hei verléiert ass d’Franséischt, dat bei deene Jonke just nach mat 6% virkënnt.

Déi däitsch Sprooch hëlt bei de Jonken zou, awer net nëmmen: Dem Shakespeare seng Sprooch gëtt ongeféier 4 Mol méi dacks wéi d'Franséischt benotzt.

© infolux (uni.lu)

Nieft dem Facteur Alter spillt och d'Ausbildung eng Roll: Däitsch huet d'Nues vir, egal ob een am Classique oder op Général war respektiv ass. Wärend de Prozentsaz vum Franséische bei béide Schoultyppen ongeféier identesch ass (6%), ass den Undeel vum Englesche bei Persoune vun engem Classique däitlech méi héich an dee vum Däitschen entspriechend méi déif. "Et kann een heiraus schléissen, dass an der méisproocheger Kompetenz vum Lycée Classique d’Englescht eng méi wichteg Roll kritt", esou de Peter Gilles op Infolux.uni.lu.

Et gesäit een also eng staark Dominanz vum Däitschen, d’Franséischt spillt just eng minoritär Roll, déi nach méi wäit zu Gonschte vum Engleschen zeréckzegoe schéngt. Domat hëlt also hei eng Sprooch zou, déi eigentlech keng Landessprooch ass.

Wann Dir och Loscht hutt, bei dësen Ëmfroen matzemaachen, kënnt Dir Iech d’App aus dem App Store oder dem Play Store eroflueden an un der gréisster Erhiewung vum geschwate Lëtzebuergesche vun haut deelhuelen.