Den US-Sänger D4vd gehéiert zu den neie Stars an der Musekszeen.

Hits wéi "Here With Me" und "Romantic Homicide" goufe méi wéi eng Milliard mol gestreamt. Den 20 Joer ale Museker ass de Moment op enger Welttour an hat en Dënschdeg en Optrëtt zu Minneapolis um Programm. Déi wäert hien deemno wéi mussen ofbriechen.

De Grond ass eng makaber Decouverte a sengem Tesla, deen ofgeschleeft gi war. Am Haff vum Ofschleef-Service ass de Mataarbechter e Méindeg e staarke Geroch opgefall: Dee vun enger Läich. Do stoung de Won deen Ament schonn e puer Deeg do.

Bei der spéiderer Perquisitioun hunn d'Ermëttler eng zerstéckelt Läich entdeckt. D'mënschlech Iwwerreschter waren an enger Sacoche an der Mall.

Zu Hollywood ass een dowéinst an heller Opreegung. Éischt Ermëttlungen hunn erginn, dass et sech beim Affer ëm eng Fra soll gehandelt hunn.

De Sänger a Proprietär vum Tesla D4vd gouf informéiert, huet awer ausgesot, näischt iwwert eng Läich a sengem Auto ze wëssen. Dësen ass zu Hempstead am US-Bundesstaat Texas op de biergerlechen Numm vum US-Rapper ugemellt. Den D4vd soll sech der Police no kooperativ verhalen hunn, onkloer ass, ob hie säin Auto verléint hat oder e geklaut gouf.