D'Preparatioune lafen op Héichtouren

© Chris Meisch
De 17. September ass d'Rentrée fir de Secondaire, en Dag virdru fir Septième. Mir hu bei e puer Jonken nogefrot, wéi gutt si ewell preparéiert sinn.
Eescht gëtt et dann och fir d‘Direktioun an d’Proffen an de Lycéeën. Ugangs September fänken hei déi lescht Preparatiounen un. Zwou Woche méi spéit geet et da weider mam normale Wansinn, wéi et wuertwiertlech an am Laachen de Marcel Kramer, Direkter vum Dikrecher Kolléisch, bezeechent:
„Et sinn eng ganz Rei Aspekter, dat heescht mir hunn engersäits alles wat Schüler ubelaangt, dann alles wat eis Enseignanten, eis Proffen, eist Personal ubelaangt, an dann och alles wat d‘Gebailechkeeten ubelaangt. Am Gebai selwer, an eisen zwee Gebaier déi mir hunn, an et ass an alle Schoulen esou, gëtt och an der Summervakanz ganz vill geschafft. Do gëtt renovéiert, do gëtt ugestrach, do gi Kabele gezunn, do ginn an der Technik eng ganz Rei Saache verännert. Do ginn Ëmbaute gemaach, déi een am Schouljoer net ka maachen.“
Am Prinzip fänkt d‘Organisatioun fir dat neit Schouljoer scho virun der Summervakanz un. Am Juni sichen d‘Lycéeën dacks schonn no neiem Personal an den Enseignantë fir déi eenzel Fächer. Fir den Henri Lacoste, Assistant pédagogique am Dikrecher Kolléisch, ass et net déi éischte Rentrée. Dacks fänkt d‘Direktioun schonn Enn Juli mat de Preparatiounen un.
„Mir musse vill fir d‘Klasse maachen, kucken, dass all d‘Proffen hir Stonnepläng kréien. Och fir d‘Septièmen, do musse mir all d‘Bréiwer eraus schécken, dass d‘Elteren eebe wëssen, wéi d‘Rentrée ofleeft. An da musse mir och alles preparéiere fir d‘Proffen, wa si op hir Klasse kommen, da musse si wëssen, wéi ee Schüler a wéi enger Klass ass. An elo d‘Mëtt vun der Woch wäert e bëssi méi hektesch ginn, mat dem ganze geplanings wou alles muss wierklech tipptopp prett si fir d‘nächst Woch.“
D‘Rentrée ass fir d‘Elteren an hir Kanner ëmmer nees och mat ville Käschte verbonnen. Fir si ze entlaaschten, kritt all Kand vu 6 Joer un eng Allocatioun vun 115 Euro, nom 12. Liewensjoer sinn et 235 Euro. Dës gëtt automatesch am August ausbezuelt, a kann am Fall vum Complement différentiel och eréischt am Januar transferéiert ginn.