E Mëttwoch de Moie waren d'Pensiounen an déi 3. Sozialronn Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir hu lo mol eng éischt Etapp gemaach. D'Resultat vun de Sozialronnen ass dat, wat een aktuell kann erreechen. Mir hunn eis Responsabilitéit iwwerholl an net näischt gemaach. Mir si lo am Mindset, datt ee méi laang soll schaffe goen. Dat sot d'Ministesch fir d'Gesondheets- a Securité sociale Martine Deprez e Mëttwoch de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun iwwer de Sujet vun der Pensiounsreform.

Hätte weider gemaach, wann ee sech openeen duer beweegt hätt

D'Diskussiounen iwwer de Pensiounssystem wieren ni ofgeschloss. Et hätt ee sech dofir fir 2030 scho Rendez-vous ginn. D'Kritik, datt d'Sozialronn ze fréi ofgebrach gouf, erkläert d'Ministesch esou, datt d’Partner sech net méi openeen zoubeweegt hätten. Et hätt een an der 3. Sozialronn gesinn, datt d'Meenungen ëmmer méi auserneegaange wieren. Hätt ee gemierkt, datt sech nees méi openeen zoubeweegt gi wier, wieren d'Diskussioune sécher virugaangen, seet d’Martine Deprez. Dat wier awer net de Fall gewiescht.

Keen Text schonn am Summer geschriwwen

Et wier och net genee dat selwecht festgehale ginn, wéi dat, wat moies um Dësch louch. Dat war e Reproche, deen de CGFP-President Romain Wolff e Méindeg hei op der Antenn virbruecht hat. Et hätt een als Regierung och keng fäerdeg Texter am Tirang leie gehat. Et géif elo dru geschafft ginn, fir datt d’Ännerunge vum 1. Januar 2026 u kënne gëllen.
 
Gudder Hoffnung fir Sozialmodell nees an d’Riicht ze kréien

Wat den nationale Sozialmodell ugeet, deen d’Gewerkschaften an der Sakgaass gesinn, fënnt d'Ministesch, datt dësen zwar vläicht a Fro gestallt wier. Mä et wier ee rëm méi no beienee komm. Déi 3. Ronn hätt gewisen, datt ee respektvoll kéint matenee schwätzen. Si hätt gutt Hoffnung, datt een dat nees hikritt, de Sozialdialog also nees "gefléckt" kritt.
 

Invité vun der Redaktioun: Martine Deprez

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.