
Den 23. Dezember wäert, no bal 10 Joer, de Stengeforter Restaurant "Apdikt" zoumaachen. Virun net emol zwee Joer ware si mat engem Michelin-Stär ausgezeechent ginn.
De Chef Mathieu van Wetteren a seng Fra Alice Meyer hunn an hirem Communiqué awer och schonn ugedeit, wéi et wäert weidergoen. Den Numm "Apdikt" wäert Stengefort verloossen, si awer net, sou d'Koppel. Si schaffen op der selwechter Plaz un neie Pläng, ouni dobäi awer ganz konkret ze ginn. Just den Numm "Maison Alma" hu si verroden. Hire Michelin-Stär wäert mat der Fermeture vun der "Apdikt" verluer goen.