
McDonald's huet an engem Newsletter ugekënnegt, datt de McRib de 27. Oktober aus dem feste Menü an Däitschland a Lëtzebuerg verschwënnt. Domat geet eng Ära op en Enn. Déi zwee Länner hunn zu de leschte Mäert gezielt, an deenen de Kultburger zum Standardsortiment gehéiert huet.
D'Ukënnegung huet vill Reaktiounen ausgeléist, esouguer méi wéi bei de rezente Verännerunge vum McChicken oder Filet-O-Fish.
De McRib gouf 1981 an den USA agefouert an huet kuerz drop säi landeswäite Succès gefeiert. An Amerika ass de Burger scho säit 1985 net méi permanent um Menü a kënnt do nëmme fir limitéiert Aktiounen zeréck. Wéinst der grousser Nofro ass en awer hei am Land iwwer Joerzéngte fest am Sortiment bliwwen.
Wéineg Leit wëssen, datt e Lëtzebuerger eng decisiv Roll bei der Entwécklung vum McRib gespillt huet. De René Arend, e Lëtzebuerger Kach, dee méi spéit an d'USA ausgewandert ass, war den éischten Executive Chef vu McDonald's. Hien ass net nëmme fir d'Entwécklung vun de Chicken McNuggets bekannt, mee och fir de McRib. Inspiréiert vun dem traditionelle Pulled-Pork-Barbecue aus South Carolina huet hien e Schwéngsfleesch-Patty entworf, deen ausgesäit wéi Rëppercher, obwuel e guer keng Schanken huet.
De McRib war och eng Äntwert op den enorme Succès vun de Chicken McNuggets. Wéinst enger Kris bei de Baueren an den USA gouf et deemools Enkpäss bei der Pouletsproduktioun, soudatt McDonald’s no Alternativen op Basis vu Schwéngefleesch gesicht huet.
Ganz verschwanne wäert de McRib awer net ouni Ersatz. McDonald’s bréngt de "McRib Sweet Heat" op de Marché. Déi nei Variant kombinéiert de bekannte Burger mat enger séiss-schaarfer Chilli-Zooss. Allerdéngs wäert och dës Versioun nëmme fir eng limitéiert Zäit ze kréie sinn.
Fir vill Fans bleift de 27. Oktober domat déi lescht Geleeënheet, nach eng Kéier den originale McRib ze genéissen.