
D'Mulle-Saison ass lancéiert an iwwerall am Land kréien d'Amateure vun de schwaarze Muschelen ëm d'Hierschtzäit nees op ville Plazen am Land d'Mullen ugebueden. Ob klassesch mat Geméis, an enger cremeger Ramzooss oder mat engem gudde Schotz wäissem Wäin. Och d'Fro op mat oder ouni Fritten suergt alt mol fir Diskussiounen. Elo wou d'Nimm vun der Méint nees mat "r" hannen ophalen (also September bis Februar) gesäit een nees vill Clienten a Restauranten zu Lëtzebuerg virum typesch, donkel-schwaarze Mullen-Dëppen.
Mee wou schmaachen d'Mullen Iech hei am Land am beschten? Wéi ee Restaurant zu Lëtzebuerg huet dat perfekt Rezept a wien huet déi frëschste Mullen z'offréieren?
Fir dës nei Editioun vum RTL Readers' Choice siche mir déi absolut Top-Adress zu Lëtzebuerg fir Mullen iessen ze goen. Elo sidd Dir nees gefrot: Schéckt eis Är Propositiounen! Wéi ee Bistro, respektiv Restaurant ass Äre perséinleche Favorit?
Loosst eis onbedéngt Är Meenung wëssen a katapultéiert Är Favoritte-Plaz un d'Spëtzt vun eiser aktueller "Editioun" vum RTL-Readers' Choice!
Verrot eis, wou Dir am léifsten hei zu Lëtzebuerg Mullen iesse gitt! Maacht drënner bei eisem Vott mat, Är Meenung ass nees onbedéngt gefrot! De Gewënner gëtt natierlech nees deen, wie vun eise Lieserinnen an Nolauschterer, also vun Iech, am meeschte Stëmme kritt an dierf sech dann och iwwert d’RTL-Readers' Choice-Auszeechnung fir déi beschte Mullen zu Lëtzebuerg freeën.
All d'Plazen, déi sech an den Top 10 kënne placéieren, kréien en Autocollant, mat deem ee weise kann, dass een zu de beschten 10 zu Lëtzebuerg gehéiert.
Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, läit dat warscheinlech dorunner, datt Dir d'Cookies net acceptéiert hutt.