Egal ob am Smoothie oder als SnackKleng Fruucht, grouss Wierkung - Firwat ass d'Molbier esou gesond?

Michèle Schons
Kleng, ronn a blo - d'Molbier ass aus de villen Uebstzorten net méi ewechzedenken.
Molbier
Molbier
© pixabay

Kleng Fruucht, grouss Wierkung - firwat ass d’Molbier esou gesond?

Déi séiss Bier kann awer wäit méi, wéi nëmme gutt schmaachen. Molbier, Blobier oder op däitsch Heidelbeere gehéiert zu deene gesondste Friichten iwwerhaapt. Si stieche voll Vitaminnen, virun allem Vitaminn C a K an enthale vill Balaststoffer. Besonnesch bekannt si se awer fir hir Antioxidanten. Dës schützen eis Zelle viru fräie Radikaler an hëllefen dem Kierper gesond ze bleiwen. De Spëtzekach Pit Wanderscheid erkläert:

“Et soll een oppassen, si musse schéi ronn sinn, eng schéin donkelblo, donkelmoof Faarf hunn. An da si se zeideg. Dat ass eeben de richtege Punkt, fir se dann ze huelen. An da kann ee se natierlech réi iessen. Da profitéiert een natierlech vun all deene Saachen, wou mer grad gesot hunn. Da si se ganz, ganz gutt fir d’Gesondheet. A wann een dann dat Ganzt e bësse wëll kombinéieren, mat e puer Kalorien, da wie seet dann z.B. Nee zu engem gudde Molbiersgebeess?”

E weidere Virdeel vun der Molbier ass deen, dass se sech positiv op Häerz a Kreeslaf auswierkt. Etüde beleeën hei, dass de reegelméissege Konsum de Bluttdrock erofsetzt an d’Odere stäerke kann. Och fir d’Gehier si se gutt, well se d’Konzentratioun an d’Gediechtnes ënnerstëtzen.

“Wat mer sollte kucken, ass wou et awer hierkënnt. Also Haaptproduzent aktuell si Länner wéi USA, Kanada, Peru, Chile an do musse mer just kucke wann een esou eppes keeft, well mir hunn eng Saison, wou et dann och heiheem ka geplanzt ginn a recoltéiert ginn, dass mer awer oppassen, et vläicht et dann och iergendwou aus der Géigend hei ze huelen.”

Ob am Müsli, am Jughurt, als Smoothie oder einfach pur, Molbier passe bei all Molzecht. Si sinn e richtegt Superfood aus der Natur. E klenge Snack, mat grousser Wierkung.

Back to Top
CIM LOGO