Opgepasst am héije GrasKleng Déiercher, grousse Bass - d'Grasmilbe sinn nees ënnerwee

Michèle Schons
Déi lescht Deeg kloen ëmmer méi Leit iwwer kleng rout Flecken op der Haut a staarke Bass. De Grond dofir kënne Grasmilbe sinn. Déi kleng Déiercher si bal onsiichtbar, ma hir Presenz kann desagreabel Suitten hunn.
© pexels

Kleng Déiercher, grousse Bass - d'Grasmilbe sinn nees ënnerwee.

Besonnesch an de waarmen an dréchene Summerméint si Grasmilben aktiv. Si hale sech virun allem a Wisen, Gäert a méi héijem Gras op. Dobäi si net déi erwuesse Milben de Problem, mee hir Larven. Déi setzen sech op d'Haut vu Mënschen oder Déieren a verursaachen dono déi typesch Hautreaktiounen. Lieke Mevis vun Natur&Ëmwelt:

Interessanterweis bäisse se net a se picken och net, mee se hafte sech un d'Haut an Enzymer an hirem Spaut, suergen dofir, datt déi iewescht Iwwerfläch vun eiser Haut e bëssen opgeléist gëtt a si ernäre sech dann dovunner. Mee jo, op jidde Fall ass et awer harmlos, ausser datt et eebe wierklech e bëssen desagreabel ass, well et kribbelt an dann entwéckelt een zum Deel och esou déi kleng rout Pinktelcher oder deemno wéi, wann ee bësse méi empfindlech drop reagéiert, kënnen dat och mol nach méi déck Flatsche ginn.

D'Grasmilbe sinn iwwregens en natierlechen Deel vun eisem Ökosystem. Hir Larve liewe kuerzfristeg als Parasitten, déi erwuesse Déierecher ernäre sech vu klenge Buedemorganismen. Fir Mënschen ass hir Aktivitéit virun allem eng saisonal Plo:

Dat huet haaptsächlech mat de Wiederkonditiounen ze dinn. Dat heescht, wann d' Wantere méi, méi douce sinn, dann iwwerliewen der méi de Wanter an elo kënnt zousätzlech dobäi, dass, wat mer elo haten, iert et elo ugefaangen huet mat Reenen, hate mer eng länger waarm Drécheperiod an da si se gäre méi aktiv. Dat heescht, am Prinzip, lo wou et gutt gereent huet, misste mer eigentlech erëm eng Zäitche méi roueg sinn. Dat heescht awer net, datt et net méi spéit an der Saison alt erëm ka virkommen.

De Bass trëtt dacks eréischt e puer Stonnen no engem Openthalt am Gras op. Besonnesch betraff sinn dacks d'Been, d'Knéchelen oder Plazen, wou d'Kleeder enk um Kierper uleeën. Dr. Nico Haas:

Wann een näischt huet, kann een ëmmer emol mat e bëssen Essegwaasser killen. Awer wann et net duergeet, sollt een da sech Hëllef huelen, andeem datt een en Antihistaminique hëlt respektiv eng Cortisonscrème. Hydrocortison geet schonn duer, fir de Bass ze verdreiwen. Et muss een och oppassen, besonnesch wann een dann dorunner kraze geet, op der Haut liewen ëmmer Mikroben an déi Mikrobe kënnen dann ënner d'Haut kommen an dann eng Infektioun provozéieren. An deem Fall gëtt dat ëmmer méi schlëmm. Et gëtt ëmmer méi wäit, gëtt ëmmer méi grouss, gëtt ëmmer méi rout. An da sollt een den Dokter opsichen, datt deen engem hëlleft.

Fir sech ze schützen, hëlleft et, laang Boxen an zoue Schong unzedoen, wann een duerch héicht Gras geet. Nom Spadséiergang oder nom Schaffen am Gaart ass et besser, sech ze duschen an d'Kleeder ze wiesselen. Mat e puer einfache Virsiichtsmoossname léisst sech de Kontakt mat de klengen Déiercher reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO