
D’Summere ginn zu Lëtzebuerg ëmmer méi waarm. Net nëmmen e puer Deeg laang, mee heiansdo iwwer Wochen. Dobäi sinn et net méi just héich Temperaturen, déi de Leit ze schafe maachen. Virun allem déi schwéier, fiicht an erdréckend Hëtzt gëtt ëmmer méi zu enger Belaaschtung.
Fir d’Bevëlkerung an d’Autoritéite besser op Hëtztwelle virzebereeden a Gesondheetsrisike méi fréi z‘erkennen, setzt Meteolux op en neie Warnsystem, deen net méi nëmmen déi gemoossen Temperatur, mee virun allem déi gefillten Hëtzt berécksiichtegt. Domat sollen d’Warnunge méi prezis, méi verständlech an nëtzlech ginn.
D’Temperaturen, déi Lëtzebuerg aktuell am Mee erlieft, sinn alles anescht wéi normal. Zanter Deeg klëmmt den Thermometer op Summerwäerter, déi esou fréi am Joer bis elo bal nach ni observéiert goufen. Fir Meteorologen ass dat en aussergewéinlecht Wiederphenomeen — an och e weidert Zeeche vun ëmmer méi extremen Hëtztperioden. Besonnesch um Findel goufen an de leschten Deeg Wäerter gemooss, déi an dëser Form fir de Mount Mee historesch sinn, erkläert de Luca Mathias Meteorolog bei Meteolux.
„Mir haten elo 4 Deeg konsekutiv iwwer 27 Grad um Findel, a laut de Previsiounen hu mir elo nach 4 Deeg, déi nokommen an dat wier eppes wat mir an deene leschten 79 Joer hei um Findel an engem Mee net beobacht hunn, dass mir quasi 8 Deeg hannerteneen iwwer 27 Grad haten.“
Bis elo hu sech d’Warnunge vu Meteolux virun allem op déi maximal Lofttemperatur baséiert. Mee eng Temperatur eleng seet net ëmmer aus, wéi staark d’Hëtzt wierklech empfonnt gëtt.
D‘Fiichtegkeet an der Loft, de Wand oder ob et an den Nuechten ofkillt – all dat spillt eng entscheedend Roll.
An do kënnt een neien Index an d'Spill, deen eng Simulatioun mécht, wéi de mënschleche Kierper op d‘Hëtzt reagéiert. Den „Universal Thermal Climate Index“ kombinéiert verschidde Facteuren ewéi Temperatur, Loftfiichtegkeet, Wand an d‘Intensitéit vun der Sonnenastralung an engem eenzegen Index. Doduerch soll vill méi realistesch ageschat ginn, wéi grouss den thermesche Stress fir de Kierper tatsächlech ass.
„Jiddereen huet et am Summer schonn erlieft, dass eng Temperatur vun 30 Grad, wann et immens schmeier dobaussen ass a kee Wand ass, vill méi schwéier auszehalen ass, wéi wann 30 Grad sinn, et ass vill Wand an d‘Loftfiichtegkeet ass immens niddreg. Dat heescht, do ass den Ënnerscheed, dee mir mat deem neie Warnsystem, mat deem neien Index wëllen un d‘Populatioun bréngen, dass eng Temperatur eleng net ëmmer ausseet, wéi belaaschtend se ass.“
Allgemeng géingen d'Deeg mat hëtzegen Temperaturen an d'Hëtztwellen zouhuelen, constatéiert den nationale Wiederdéngscht. Besonnesch problematesch si laang Hëtztperioden. Wann et och nuets net méi richteg ofkillt, kann de Kierper sech net méi regeneréieren. Dowéinst gëtt mam neien Index eng Moyenne vun der Temperatur iwwert de ganzen Dag berechent. Genee dowéinst wäert och d’Dauer vun enger Hëtztwell an Zukunft an d’Bewäertung mat afléissen. MeteoLux huet dofir hir dräi Warnstufen nei definéiert, déi un d‘Dauer an d’Intensitéit vun der gefillter Hëtzt ugepasst goufen.
„Jee nodeem, wéi héich deen Index dann ausfält als Moyenne iwwert den Dag, kucke mir da wéi laang déi Moyenne konsekutiv undauert. Dat heescht, wa mir elo zum Beispill eng Moyenne vun iwwer 24 Grad par rapport zu dem Index hunn, an déi dauert mindestens 2 Deeg oder méi un, da si mir schonn am orangë Beräich, a wann et iwwer 27 Grad fir mindestens 3 konsekutiv Deeg sinn, si mir am roude Beräich.“
Zejoert huet Meteolux insgesamt 14 Hëtztwarnungen erausginn. Dovunner 1 mol Rout, 3 mol Orange an 10 mol Giel. Mam neie System kann et virkommen, dass manner Warnungen erausginn.
„Dat heescht, fir eng rout Warnung elo am neie System muss een op d'mannst 3 Deeg hannerteneen een thermesche Stress hunn. An dat ass eeben ee groussen Ënnerscheed par rapport zum Warnsystem virdrun. Mir haten och eng Re-Analys gemaach iwwer déi lescht 25 Joer a mat dem neie Warnsystem hätte mir iwwer déi lescht 25 Joer just 3 mol eng rout Warnung ausgeschwat. Mat dem eelere System, déi mir elo déi lescht Jore benotzt hunn, wier dat definitiv vill méi gewiescht.“
D’Alertë sollen an Zukunft bis zu 48 Stonnen am Viraus erausgoen. Dat soll net nëmmen der Bevëlkerung hëllefen, mee och den Autoritéiten déi néideg Zäit ginn, fir adequat Mesuren ze huelen an hir Koordinatioun ze verbesseren.
D‘Gefore vun Hëtztwellen däerf een net ënnerschätzen. Héich Temperaturen iwwer méi Deeg kënnen zu Erschëpfung, Kreeslafproblemer oder souguer zu engem Hëtzschlag féieren.