
Net ee Kand ënnert deenen 10 wier am Virfeld fir de 25. Dezember virgesi gewiescht, wéi een e Freideg am Quotidien noliese kann.
Véier Gebuerte gouf et op Chrëschtdag an der Bohler-Klinik, zwou am Centre hospitalier zu Ettelbréck, zwou zu Esch an zwou an der Maternité vum CHL. Den éischte Puppelche koum moies um 4.30 Auer, deen 10. an domadder lescht Chrëschtkëndchen owes um 23 Auer.