Limoux (F)11 Medaile fir Lëtzebuerger Cremanten um nationale Cremant-Concours

RTL Lëtzebuerg
Hei stellen nieft franséische Wënzer aus dem Elsass, Bordeaux, der Bourgogne an der Loire och Lëtzebuerger Betriber hir Cruen zur Degustatioun.

40 Prouwe goufe vu Lëtzebuerger Wënzer gestallt: Um Enn goufen et 7 Gold- a 4 Sëlwermedailen.

Am beschten ewech koumen d’Cremante vu Vinsmoselle mat 8 Medaile fir de Poll Fabaire, 2 Medaile goufen et fir Cremante vu Cep d’Or an eng fir de Summum vun de Caves Mathes.

Offizielle Communiqué

Back to Top
CIM LOGO