Fir déi 12. Editioun war dëse Weekend op ronn 3.000 Meter Carré nees déi ganz Spart vu Modellbau vertrueden.
Vun Autoen, Schëffer a Fligere bis hin zu de verschiddenste Figuren. Dernieft hu grouss Circuite mat ferngesteierte Camionen a Baggere fir Begeeschterung gesuergt.
Op 80 Stänn gouf et eppes ze kucken an deels och ze kafen.