Näischt war an der Rei14 Joer alen Däitsche gëtt mat Motorrad "Marke Eigenbau" ugehalen

RTL Lëtzebuerg
D'Policebeamten aus Findel (Niedersachsen) hunn net schlecht gestaunt, wéi si de Jonke Chauffer ugehalen hunn.
© Polizei Rotenburg

Hie war mat engem Motorrad ënnerwee, datt kloer “Marke Eigenbau” war: E Sëtz aus Holz, e Moto vun enger Aart Méimaschinn, d’Rieder vun enger Schubkar an e Gerüst aus Metall. Assurance an och Pabeieren hat d’Gefier och keng.

Et ass awer net kloer, op de jonke Mann dëst d’Gefier selwer gebaut oder et iergendwou kaf huet. Hien huet net dierfte weiderfueren a seng Eltere goufen informéiert.

Back to Top
CIM LOGO