Michelin Bib Gourmand Benelux 202014 Lëtzebuerger Restauranten, dorënner 2 nei Adressen

RTL Lëtzebuerg
De "Bib Gourmand" steet fir eng gastronomesch Kichen zu abordabele Präisser. 39 Euro däerfen Entrée, Plat an Dessert zesumme kaschten.

Michelin huet fir d’Benelux-Länner den neie Guide “Bib Gourmand” virgestallt.

Selektionéiert goufen nees de Parc Le’h zu Diddeleng, den Dahm vun Ierpeldeng, de Brimer vum Grondhaff, de K Restaurant zu Huldang, d’Bergamote, d’Brasserie des Jardins, La Cantine du Châteletan de Kamakura an der Stad. Soss op der Lëscht ze fanne sinn de Joel Schaeffer vu Mäertert, de Bonifas vun Nouspelt, de Restaurant Timandines vun Ëlwen an d’Ecuelle vu Wilwerdang.

Nei oder nees mat derbäi sinn L’Atelier du Windsor an der Stad an den Two 6 Two zu Stroossen.

Net méi op der Lëscht ass de Restaurant Bick Stuff an der Stad.

PDF: Déi komplett Selektioun fir de Benelux.

Back to Top
CIM LOGO