Oochen16 Joer jonken Automobilist fiert 20 Minutten am éischte Gang

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht war de jonke Chauffer ouni Luuchten an 20 Minutte laang am éischte Gang ënnerwee. Hien ass ëmmer nees duerch déi selwecht Strooss gefuer.
© Image by Andreas Lischka from Pixabay

Polizisten hunn dunn den Ausfluch vum jonke Chauffer, deen natierlech nach kee Permis hat, gestoppt. Fir dëse klenge Manöver hat sech de Jong d’Gefier vu senger Mamm ausgeléint.

D’Mamm hat d’Aktioun och net matkritt, well si eben am Bett louch a geschlof huet. D’Beamten hu si dunn erwächt. An der Zäit, wéi d’Polizisten de 16 Joer ale “Automobilist” beléiert hunn, huet dësen de ganzen Zäit just op de Buedem gekuckt, esou de Message vun der Police. Dat géif drop deiten, datt hie säi Feeler agesinn huet.

Back to Top
CIM LOGO