D’Mëttelalterfest zu Diddeleng am Quartier Butschebuerg ass schonn op iwwer 90 Stänn gewuess an d’Fest geet iwwer zwee Deeg.
D’Stroossen aus Makadamm gi mat Stréi iwwerzunn an et begéint ee Leit an deenen verschiddenste Kleeder. Dobäi gëtt ganz vill Gezei selwer gebitzt.
Et ass den Interessi-Veräin vum Quartier Butschebuerg, dee fir d’Organisatioun responsabel ass. Op eng ronn 45 Benevoller kann een zréckgräifen. D’Zil ass et och, den ale Charakter vum Duerfkär opliewen ze loossen.
Eng Rees zréck an d’Zäit tëscht dem 6. a 15.Joerhonnert kann een hei also wärend zwee Deeg zu Diddeleng maachen.