
A Japan huet eng Chaîne vu Sushi-Restauranten dee Präis bezuelt fir 278 Kilo Thon. Et ass ee Bloflossen-Thon, deen do iwwert den Dësch goung. Dofir gouf et och Kritik, well de Bestand vun deem Fësch menacéiert ass. De neie Besëtzer vum Déier huet no der Stee gemengt, datt de Präis méi héich war, wéi hien am Fong geduecht huet. Mä hie géif hoffen, datt d’Cliente vun der Chaîne den excellenten Thon schmaache géifen.