
Dës produzéiert Stroum aus enger Energiequell, un déi vill grouss Konzerner bis ewell net geduecht hunn: D’Mëscht vun Déieren.
Aus 100 Tonne Mëscht konnten 150 Megawatt Stroum produzéiert ginn. Dës Quantitéit ass Fortum no duergaangen, fir d’Helsinki International Horse Show, déi ganzer 4 Deeg gedauert huet, mat Energie ze versuergen, an donieft esouguer nach e puer Haiser zu Helsinki.
Wéi et vun der Entreprise heescht, bréicht ee pro Eefamilljenhaus den Dreck vun 2 Päerd, fir d’Wunneng ee Joer laang kënnen ze hëtzen. “Et ginn esou vill Päerd a Finnland an nach vill méi op der ganzer Welt, dofir wier et genial, wa mir aus där ganzer Mëscht kéinten Energie produzéieren”, sou d’Krista Hellgren vu Fortum. Nëmmen 200 Milliliter ginn duer, fir en Telefon ze lueden.
Ënnert dem Motto “give poo a new life” huet eng aner Firma d’Leit opgeruff, hinnen Hondsdreck ze schécken. Och wann dat am Verglach zu de Päerd just eng kleng Quantitéit ass, kann een op dësem Wee gréng Energie hierstellen... an d’Chance, um Trottoir an e Flapp ze trëppelen, gëtt vun Dag zu Dag méi kleng.