
D’Hëtzt am Juli dëst Joer war extrem. Den Zuele vun der US-amerikanescher Ozean- an Atmosphär-Autoritéit no war de Juli mat enger Duerchschnëttstemperatur vu 16,75 Grad Celsius de wäermste Mount op der Äerd zanter dass d’Temperature registréiert ginn. Dat war am Joer 1880. An Europa - och zu Lëtzebuerg - sinn d’Rekorder vu bis ewell geschmolt. Zu Paräis goufen 42,6 Grad gemooss, zu Steesel 40,8 Grad Celsius.
Gedämpt hu bestëmmt och dem Eliud Kipchoge seng Schongsuelen. De Kenianer ass als éischte Mënsch d’Marathon-Distanz vun e bësse méi ewéi 42 Kilometer a manner ewéi zwou Stonne gelaf. Jo, et waren artifiziell a fir hie speziell organiséiert Konditiounen zu Wien, mä de Leefer brécht de Rekord mat enger Zäit vun 1 Stonn, 59 Minutten a 40,2 Sekonnen.
Bleiwe mir beim Sport. D’amerikanesch Turnerin Simone Biles huet elo déi meeschte Goldmedaile bei Weltmeeschterschafte gesammelt, nämlech 25. Bei der WM am Oktober zu Stuttgart hat si der ganzer 5 gewonnen.
National knackt de Bob Bertemes gären emol Rekorder. De Kugelstéisser ass elo deen éischte Lëtzebuerger, deen de Seuil vun 22 Meter erreecht huet. Hien huet d’Kugel dëst Joer 1 Meter méi wäit gestouss ewéi bei sengem viregte Landesrekord. Bei den olympesche Spiller zu Rio de Janeiro 2016 wär de Bob Bertemes domat de Véierte ginn.
Dëst Joer goufen och nees Rekord-Zomme bei Auktiounen ageholl. Dat bis elo deierst Bild vum brittesche Street-Art-Kënschtler Banksy gouf am Oktober bei enger Auktioun zu London verkaaft, dat fir ëmgerechent 11 Milliounen Euro. De Banksy huet, amplaz vun Deputéierten, Schimpansen an d’brittescht Parlament gemoolt.
Zu New York koum eng sëlwereg Skulptur vun enger Kanéngchen aus den Hänn vum US-Kënschtler Jeff Koons fir eppes iwwer 91 Milliounen Dollar ënnert den Hummer. Rekord-Präis fir e Wierk vun engem Kënschtler, deen nach lieft.
29 Milliounen Euro huet eng Auer bei enger Auktioun zu Genf erabruecht. D’Patek Philippe ass domadder elo déi deiersten Auer op der Welt.
Parken ass och hei am Land deier, mä zu Hongkong huet ee Keefer sech eng Parkplaz am Héichhaus ''The Center’’ ëmgerechent ronn 882.000 Euro kaschte gelooss. Dofir kritt een an der Stad alt wéinstens schonn e Studio.
Hei am Haus huet leider een tragescht Evenement all d’Rekorder op eisem Internetsite gebrach. Den 10. August, den Dag nom Tornado zu Péiteng a Käerjeng, gouf déi entspriechend Säit ronn 12 an eng hallef Millioune mol ugeklickt. Den Dag ware gutt 339.000 Visiteuren um Site.
Dat meescht gespillte Lidd vum Radio war dëst Joer iwwregens ''Nothing breaks like a heart’’ vum Mark Ronson zesumme mam Miley Cyrus. 539 mol war dat gelaf, deemno ongeféier all 16 Stonnen.