Éischt Detailer annoncéiert2022 feiert d'Queen hire 70. Trounjubiläum

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Organisateuren en Dënschdeg matgedeelt hunn, soll de Platin-Jubiläum vun der Queen Elizabeth II. de 5. Juni 2022 sinn an en dauert ganzer 4 Deeg.
© AFP Archivbild

Riseg Marionetten, Dänzer an Artisten wäerten optrieden an de feierlechen Ofschloss an Héichpunkt gëtt als “Freedefeier aus Theater, Danz, Musek a Stroossekonscht” beschriwwen. Geplangt ass natierlech och eng Mass an eng Militärparad.

D’Queen ass 1952 op den Troun komm, nom fréien Doud vun hirem Papp George VI. a si gouf nach dat Joer drop gekréint. 70 Joer méi spéit wier elo eng “prachtvoll Feier” zu Éiere vun der déngschteelster brittescher Monarchin geplangt, sou de Chef vum Organisatiounskommitee, Nicholas Coleridge.

D’Feierlechkeete si virgesinn op engem verlängerte Weekend, also mat engem Extra-Feierdag. Erwaart gi sech Honnertdausende Visiteuren a Royal-Fans.

Back to Top
CIM LOGO