
Den Dënschdeg huet ee Lotto-Spiller een Ticket fir zwee Euro bei engem Automat an enger Bar kaf.
D’Identitéit vum gléckleche Gewënner ass nach net bekannt. Op deem Dag war an der Bar vill lass, a vill Leit haten een Ticket kaf, sou de Patron Guglielmo Poggi.
Den ale Rekord bei der italienescher Lottogesellschaft Superenalotto, am Wäert vu 117 Milliounen Euro, gouf 2010 opgestallt.