
Déi 26 Joer al Gewënnerin engagéiert sech am Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt a wier eng houfreg Verfechterin vun der natierlecher Schéinheet. “Ech sinn an enger Welt opgewuess, an där eng Fra, déi wéi ech ausgesäit - mat menger Aart vun Haut a menger Aart vun Hoer - ni als schéin ugesinn ass”, sou d’Zozibini Tunzi.
D’Südafrikanerin huet sech géint iwwer 90 Fraen aus aller Welt duerchgesat, déi bei der 68. Editioun vum Concours ugetruede sinn. D’Jury huet dës Kéier just aus Frae bestanen.
Zanter 1952 gëtt et de Concours ëm d’Miss Universe schonn, bei där d’Missen aus iwwer enger Dosen Länner matmaachen. D’lescht Joer war d’Gewënnerin d’Catriona Gray vun de Philippinnen.