
No 90 Minutte stoung et a béide Matcher 3:3. Een zimmlech ongewéinlecht Resultat, ma zwou Persounen hu genau dat Resultat zweemol getippt an hunn esou nawell vill Geld gewonnen.
Een Tipper huet 5 Euro op zweemol 3:3 no 90 Minutte gesat an huet domat 106.875 Euro gewonnen. Een aneren huet 1,90 Euro gesat an huet 42.750 Euro gewonnen.