
E Freideg den Owend hat keng Persoun déi 5 Zuelen an 2 Stäre richteg, domadder ass den Jackpot net erausgaangen. Dofir hunn awer 3 Persoune ronn 211.000 Euro gewonnen, si hate 5 Zuelen an 1 Stär richteg. Dorënner och eng Persoun vu Lëtzebuerg, wéi d’Loterie Nationale eis um Samschdeg de Moie matgedeelt huet.
5 richteg Zuelen haten direkt 11 Leit richteg, si kënne sech iwwert ronn 13.500 Euro freeën.
Fir d’Zéiung vum 9. Juni 2020 si viraussiichtlech 37 Milliounen Euro am Jackpot.