
Eng Partie Ofschlossfeieren, Festivals a Concerte goufen an der leschter Zäit wéinst der Angscht virun der Verbreedung vum Corona-Virus ofgesot. Ma net all Evenement gouf annuléiert. Déi sougenannte Moon-Sekt huet e Freideg eng Massenhochzäit mat 30.000 Participanten am Norde vu Südkorea organiséiert.
De schéinsten Dag vum Liewe hu sech déi Gleeweg net huele gelooss... An awer bleift de Gedanken un den neie Virus an d’Gefor, sech bei engem vun de presente Leit unzestiechen. “Ech géing léien, wann ech soe géing, dass ech net besuergt wier wéinst der Infektioun”, sou eng 21 Joer al Studentin wärend der Feier.
Anerer maache sech keng Suergen a fille sech a Sécherheet, schliisslech stéinge si alleguerten ënnert dem “Gott senger Kontroll”, sou eng Fra.
Ee Grond, wisou d’Evenement net sollt ofgesot ginn, ass den 100. Anniversaire vum Sekte-Grënner Sun Myung Moon, dat viru 4 Joer geplangt gouf.
Un de Festivitéiten deelgeholl hu Koppelen aus 64 ënnerschiddleche Länner. Vill vun hinnen hu sech kuerz virun der Hochzäit eréischt kennegeléiert. Do virdrun hu si alleguerte misse schwieren, nach ni Sex gehat ze hunn, a mussen och 40 Deeg nom Jo-Wuert enthalsam bleiwen.
