
Wéinst enger Krankheet huet d’Fra missen an d’Klinik bruecht ginn, den zoustännege Rettungsdéngscht krut d’Fra allerdéngs net iwwer d’Trap transportéiert, esou d’Pompjeeë vu Mönchengladbach e Méindeg. De Rettungsdéngscht Heinsberg huet dofir d’Pompjeeën ëm Hëllef gefrot, déi mat engem Kran, speziellem Geschir an engem Schwerlast-Rettungswon op d’Plaz komm sinn.
D’Fra konnt du mat enger spezieller Brëtsch aus der Fënster vun hirer Wunneng am éischte Stack eraus transportéiert ginn. Wéinst der Kierpergréisst vun der Fra huet dës awer net an de Rettungswon gepasst, dofir gouf si du mat engem Rettungsbus an d’Uni-Klinik zu Oochen bruecht.