LCTO-Summer333 Visitten am Palais

Rosa Clemente
Och dëse Summer konnt een erëm eng Visite guidée am Palais an der Stad maachen.
333 Visitte gouf et de Summer iwwer am Palais
Hei kritt een en Abléck an dat historescht Gebai an an den Aarbechtsalldag vun der Groussherzoglecher Famill.

Hei kritt een en Abléck an dat historescht Gebai an an den Aarbechtsalldag vun der Groussherzoglecher Famill. Eng Geleeënheet, déi een de Rescht vum Joer net sou einfach kritt.

An d’Demande no dëse Visitte war och dëst Joer grouss. 3.266 Persounen hunn un den 333 Visitten deelgeholl. Visitten, där der bis zu 7 den Dag waren an a 4 verschiddene Sproochen ugebuede goufen.

Mir hunn eng Schoulklass op dëser spannender Visitt duerch de Palais begleet.

A fir déi, déi sech e virtuellt Bild vum Palais wëlle maachen, kënnen eng 3D-Onlinevisitt um Internetsite vun der Stad Lëtzebuerg maachen.

RTL-Artikel (12.7.21): Royal Visitt: Eng Woch laang konnte Schoulklassen aus dem Grand-Duché de Palais besichen

Back to Top
CIM LOGO