Endlech nees rëm ee Schoulausflug. Ee Gedanken, deen an de leschten Deeg wuel e puer Schüler haten.

Nodeems zejoert nämlech de Gros vun den Aktivitéiten ausgefall ass, duerften d'Schoulklassen d'lescht Woch ënnert anerem nees op eng Visitt guidée an de Palais.

Eng RTL-Ekipp huet eng Klass aus Beetebuerg an eng aus Groussbus op esou eng Féierung begleet.

Am Ganzen hu sech fir dëst Toure 35 Schoulklassen ugemellt a vum 14. Juli u fänken am Palais dann och nees d'Féierunge fir d'Touristen un.