
E 14 Joer ale Jong, zwee 13 Joer al Meedercher an ee Meedche vun 10 Joer haten e Samschdeg am ostaustralesche Rockhampton den Allradauto vun engem vun den Elteren geholl. Si hate Suen an Aangelen agepaakt a sinn zesummen duerch de Bundesstaat Queensland a Richtung Süden gefuer.
E Sonndeg huet d’Police de Grupp zu Grafton am Bundesstaat New South Wales entdeckt, also ronn 1.000 Kilometer vu Rockhampton ewech. Loscht hir Rees z’ënnerbriechen, hate se awer net, si hu sech nämlech am Auto agespaart. D’Beamten hunn de Won mat Gewalt missen opbriechen an d’Kanner goufe festgeholl.
Wie mam Auto gefuer ass, ass nach onkloer. D’Police geet dovun aus, datt sech de Grupp ofgewiesselt huet. Op enger Bensinsstatioun hu se donieft och nach Bensin geklaut. Wien iwwerhaapt d’Iddi fir den Trip hat, ass och nach net gewosst, ma vläicht ass et dee Jong, deen ursprénglech vu Grafton fortgeplënnert war.