"Le Franglëtzdelish" misst fir déi, déi véier Sprooche beherrschen, e flotte klengen linguisteschen Exercice sinn.
Ma ganz sou einfach ass et awer net, wat wuel och de Succès vun dësem Text op Facebook erkläert.
Mir hunn eise Profi-Speakeren hei an den RTL-Redaktiounen dat ganzt emol ze liese ginn, natierlech ouni datt se e virdrun hunn dierften üben.
