Virgin Galactic450.000 Dollar fir en Ticket an de Weltall

RTL Lëtzebuerg
Wien e puer Minutten an den All wëll, dee muss an Zukunft nach méi déif an d'Täsch gräifen.
© Virgin Galactic/The Spaceship Company/AFP/Handout

No sengem 1. Vol an den All wëll de britteschen Entrepreneur Richard Branson d’Präisser vun den Ticketen däitlech erhéijen. Dës kéinten an Zukunft 450.000 Dollar kaschten, also ëmgerechent 380.000 Euro. Déi ronn 600 Passagéier, déi hir Billjeeën tëscht 2005 an 2014 gebucht haten, hunn ongeféier d’Hallschecht dovun op den Dësch geluecht. Do huet een Ticket nach 200.000 bis 250.000 Dollar kascht.

De reguläre Fluchbetrib soll 2022 ufänken. Op laang Siicht sinn eng 400 Flich pro Joer a Standuert geplangt. Nieft 2 Pilote wäerten ëmmer 4 Weltraumtouristen u Bord sinn.

De 70 Joer ale Millionär Branson ass den 11. Juli mat der “VSS Unity” an den All geflunn, 9 Deeg virum Amazonn-Grënner Jeff Bezos a sengem Trip an de Weltraum.

Back to Top
CIM LOGO