
Wéi d’Police matgedeelt huet, war dee Klengen sech, wéi annoncéiert, zesumme mat sengem Elteren bei si an de Büro virstelle komm. Hie wéisst, dass en ze jonk wier, ma si kéinten sech awer elo mol schonn säin Numm opschreiwe fir spéider.
De Jong krut eng perséinlech Visitt duerch de Policebüro anoch eng jett Kaddoen, wéi zum Beispill e Police-Turnsak, e Molbuch an e Schlësselunhänger. Bis e sech reell virstelle kéint, hätt hien nach genuch Zäit, dofir muss e volljäreg sinn an donieft nach e Führerschäin hunn. Mat 17 kéint e sech jo nees eng zweete Kéier presentéiere kommen.