An där Sportaart sinn esou wäit Strecken näischt Ongewéinleches. Fir de gudden Zweck hu si sech elo de sougenannte Mosellaf virgeholl, dee geet vun der Quell vun der Musel an de Vogese bis an Däitschland, wou si dann an de Rhäin fléisst. En Dënschdegowend si si zu Lëtzebuerg ukomm. Am Reen ass et um Mëttwoch iwwert “Route du vin” gaangen, bis si fir eng lescht Paus am Grand-Duché zu Gréiwemaacher ukomm sinn. D’Spende ginn iwwert d’Internetsäit betterplace.com gesammelt. Den Erléis soll u Kalamata goen, eng Déiereschutzorganisatioun vu Kanech an Nestwärme, eng däitsch Organisatioun, déi sech fir Kanner asetzt. Deen Tour wollt de Markus, deen un der Musel gebuer ass, schonn ëmmer eng Kéier lafen. Doduerch, dass an der Lescht keng aner Competitioune waren, hat hien endlech Zäit dofir. Soss schafft hien als Laftrainer am November konnt hien net schaffen an do huet sech déi Iddi konkretiséiert. Op sengem Spendelaf gëtt hien och vu verschiddene Schüler oder Frënn, ënnerstëtzt, déi Deeler vun der Streck matlafen.
D’Wiederkonditioune vun der leschter Woch drécke virun allem op d’Moral.
No Gréiwemaacher sinn et nach 230 Kilometer. Déi lescht Statioun ass fir de Freideg geplangt. Da solle si um “Deutsches Eck” zu Koblenz ukommen. Do fannen dann d’Musel an hire Spendelaf een Enn.