
Et war dem Matthew Eledge an Elliot Dougherty hire gréissten Dram, als homosexuell Koppel en eegent Kand ze hunn. Méiglech gouf dëst, well dem Matthew seng Mamm, d’Cecile Eledge sech dozou decidéiert huet, fir d’Kand fir d’Koppel auszedroen.
Virun enger Woch war et dann sou wäit, d’Cecile huet hiert eegent Enkelkand, dat klengt Uma Louise op d’Welt bruecht. Wéi direkt e puer Medie schreiwen, wier déi 61 Joer al Fra mam Sperma vun hirem Jong a mat der Eezell vun der Schwëster vum Elliot befrucht ginn.
Och wann dem Matthew seng Mamm reng duerch den Alter net méi wierklech Kanner kréie sollt, hunn Doktere festgestallt, dass d’Fra nach fit ass eng Schwangerschaft duerchzestoen, ouni d’Kand a Gefor ze bréngen.
Rechtlech gesinn, sinn awer nëmmen d’Mamm an de Jong Matthew d’Eltere vum Kand, den Elliot Dougherty muss eng Adoptioun ufroen, fir offiziell als Papp unerkannt ze ginn.