"Star Wnrs" amplaz "Star Wars"630.000 falsch Lego-Steng a Milliounewäert a China séchergestallt

RTL Lëtzebuerg
D'Police a China huet e Milliounebedruch opgedeckt: Lego-Steng si gefälscht ginn, dat am Wäert vu ronn 26 Milliounen Euro.

D’Police hat eng Firma an 3 Lagerhalen duerchsicht. Do sinn u méi wéi 10 Fléissbänner all méiglech Lego-Produiten hiergestallt ginn.

D’Këschten, de Logo an d’Steng gesi genee d’selwecht aus. Et steet just „Lepin“ drop amplaz Lego a se kaschte just 1/10el vum Präis vun echte Lego-Steng.

Ëmmer nees ass kritiséiert ginn, datt China net streng genuch géint Fälschunge virgeet. Elo wëll ee weisen, datt dat net stëmmt.

D’Firma Lepin huet och elo annoncéiert, datt se mat der illegaler Produktioun géif ophalen.

Back to Top
CIM LOGO