Nordrhein Westfalen65 Zentimeter grousse Puppelchen op d'Welt komm

RTL Lëtzebuerg
Zu Mönchengladbach ass e Mëttwoch e Kand op d'Welt komm, deem seng Gréisst scho bal rekordverdächteg ass.
© AFP (Archiv)

Direkt zwee Mol huet d’Hiewan nogemooss, well si hiren Aen net traue konnt. 65 Zentimeter war de klenge Bouf grouss, normal ass hei tëscht 50 an 53 Zentimeter.

Trotz senger Gréisst koum de klenge Vincent Martin op natierlechem Wee op d’Welt, seng Mamm wollt kee Keeserschnëtt.

Wir wollten es erst einmal so probieren, wussten aber, dass es immer zu Komplikationen kommen kann, esou seng Mamm vis-à-vis vun der Press. Och der Doktesch no war et déi richteg Entscheedung, well d’Gebuert ganz entspaant an ouni Problemer ofgelaf ass.

Mat awer just 4.720 Gramm ass de klenge Jong awer zimlech liicht fir seng Gréisst. Ob hien dann elo awer de gréisste Puppelchen ass, dee jee an Däitschland op d’Welt koum, ass awer net gewosst. Esou Statistike ginn net gefouert. Ma sécher ass emol, datt 2016 e Puppelche mat 62 Zentimeter zu Darmstadt op d’Welt koum.

Back to Top
CIM LOGO