Mat hiren 20 Joer studéiert si am 2. Joer Ekonomie zu Stroossbuerg op der Uni. Wärend 4 Joer konnt d’Maacher Meedche sech elo op hir nei Roll als Wäikinnigin preparéieren. An natierlech huet déi nei Wäikinnigin och um Sonndeg um Cortège zu Maacher deelgeholl.
Well hei huet sech nees alles ëm de gudde Lëtzebuerger Wäin a Cremant gedréint.
Um Sonndeg haten dann erëm vill Leit de Wee op Maacher fonnt, fir de folkloristesche Cortège mat sengen dekoréierte Ween a Museksgruppen ze kucken.
Iwwer 2 Stonne laang ass de Cortège duerch d’Stroosse vu Gréiwemaacher gezunn. 44 Gruppen am Total.