Um mëttlerweil schonn traditionelle “Kropemannsfest” dréit sech alles ëm déi legendär a mystesch Waassergeeschter. Fréier e Fabelwiesen, wat ee fäerte gedoen huet, gëllt de Kropemann haut als Symbol a Worzeechen vu Réiden.
Organiséiert gëtt dat beléifte Fest vun der “Kropemannsfest asbl”, déi sech aus Membere vun der Gemeng Réiden, de lokale Veräiner a Butteker zesummesetzt.
