
Am Zuch an Direktioun Münster ass de Jong ouni Schong, awer mat naassen, duerchlächerte Strëmp engem Kontroller opgefall. Deen huet dunn d’Police informéiert.
Op der Gare zu Münster hu sech dunn d’Polizisten ëm de Jong gekëmmert, deem et nawell fatzeg kal war. Um Policebüro krut e fir d’alleréischt emol e waarme Schocki an e Puer wëlle Strëmp mat Schong. Natierlech goufen dunn och d’Erzéier informéiert.
Den Tëlee-Verbuet wäert elo sécher e bësse méi laang ausfalen ...