Sollten eeler Leit de Permis ofginn?Accident vum britesche Prënz Philip suergt fir hëtzeg Debatten

RTL Lëtzebuerg
De rezenten Accident vun der Queen hirem Mann, dem Prënz Philip, huet a Groussbritannien nawell vill Diskussiounen ausgeléist.
© AFP Archivbild

No der Kollisioun mat senger Jeep an engem aneren Auto, kéint den 97 Joer ale Mann vun der Queen Elizabeth II. eventuell iwwerzeegt ginn, d’Autofueren opzeginn. Dat schreift e Royal-Expert vun der BBC e Freideg. Besonnesch hëtzeg goufen d’Diskussiounen doduerch, dass e Puppelchen am aneren Auto souz. D’Kand gouf net blesséiert.

De Prënz Philip krut en Donneschdeg mat senger Jeep an der Géigend vum Schlass Sandringham am Oste vun England an e Kia ze paken, nodeems de britesche Prënz aus enger Säitestrooss op d’Haaptstrooss fuere wollt. Säi Land Rover ass op der Säit gelant an déi viischt Fënster ass gebrach. Den Duke of Edinburgh konnt vun Zeien aus dem Gefier gezu ginn.

Déi 28 Joer al Automobilistin koum liicht verwonnt an d’Spidol. Si stoung ënner Schock, huet en Aenzeien der BBC gezielt. De Puppelche vun 9 Méint war wéi gesot net blesséiert ginn. The Sun huet gemellt, de Prënz wier immens duerchenaner gewiescht nom Accident. Wéi d’Medie schreiwen, soll de Prinz Philip staark geblutt hunn nom Accident, ma duerft awer kuerz Zäit drop nees bei sech heem. En Dokter soll hien déi nächst 48 Stonnen net aus den An loossen. Virun allem am héijen Alter vum Prënz wier et wichteg de Suivi vu sengem Zoustand ze maachen.

The Sun ass nach e Schratt méi wäit gaang an huet d’Debatt nei lancéiert, vu wéi engem Alter u Pensionären op hire Permis misste verzichten. A Groussbritannien ass de Permis bis an den Alter vun 70 Joer valabel, kann awer mat engem Test, an deem ee sech ganz einfach selwer aschätzt, erneiert ginn. Amtlechen Donnéeën no hunn a Groussbritannien iwwer 100.000 Pensionären iwwer 90 Joer nach eng Fuererlaabnis .
Elo gëtt sech natierlech d’Fro gestallt, ob den Duke net besser hätt de Permis ofzeginn. Daily Mail huet an deem Kontext geschriwwen, et géif just eng eenzeg Persoun ginn, déi him d’Fuere verbidde kéint. Ob Si sech dat awer effektiv géing trauen...?

D’Kinnekskoppel verbréngt de gréissten Deel vum wanter am ostenglesche Schlass Sandringham. De Prënz Philip war wéinst verschiddene gesondheetleche Problemer an de leschte Joren méi heefeg am Spidol. Am Juni 2017 war e wéinst enger Infektioun traitéiert ginn. Zwee Méint méi spéit huet hie sech offiziell aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn.

Back to Top
CIM LOGO