
Als Merci huet déi afghanesch Famill hiert d’Kand nom Fliger benannt, dat si a Sécherheet bruecht huet. D’Kand koum nach op der Ramp vum Fliger op d’Welt, wéi dësen um US-Militärlager zu Ramstein gelant war.
Datt d’Elteren d’Kand nom Fliger benannt hunn, huet de Kommandant vun der US-Arméi an Europa, de Generol Tod Walters, matgedeelt.
D’US-Airforce notzt Codenimm, fir ënnerteneen a mat der Fluchsécherheet ze kommunizéieren. Den Numm vun den Transportmaschinne vum Typ C-17 ass u sech “Reach” mat dono enger Zuelekombinatioun. Déi spezifesch Maschinn, déi bei der Evakuéierung agesat gouf, gëtt “Reach 828" genannt.
De Generol Walters huet dann och nach confirméiert, datt am Laf vun der Evakuéierung aus dem Afghanistan och nach zwee weider Kanner op der Militärbasis Ramstein op d’Welt koumen. Bis ewell hunn d’USA eng 7.000 Mënschen iwwer hir Basissen an Europa aus dem Afghanistan ausgeflunn.
