KonsumenteschutzAirbnb verbessert Internetsitt a gëtt Clientë méi Rechter
No Verhandlunge mat der europäescher Kommissioun ass Airbnb bereet, fir ënnert anerem d'Präisser vu Locatioune méi kloer op hirem Site ze presentéieren.
D’Internet-Plattform, déi Locatioune vun Zëmmeren a Wunnengen ubitt, ännert hir Geschäftsbedingungen, fir konform mam europäesche Konsumenterecht ze sinn. Dat op eng Demande vum europäesche Konsumenteschutz vun 2018.
Verbesserunge ginn et, wat de Site ugeet:
- D’Leit gesinn an Zukunft de volle Präis, mat alle Käschten, wéi zum Beispill lokal Taxen an aner Zousazfraisen. Deemno ginn et keng verstoppte Käschte méi.
- Airbnb weist kloer, ob d’Logement vun enger Privatpersoun oder vun engem Professionellen ugebuede gëtt.
- Airbnb stellt de Clienten de Lien fir bei d’Plattform fir Konsumenterecht vun der europäescher Kommissioun zur Verfügung.
Donieft ginn nach verschidde Geschäftsbedingunge geännert:
- De Konsument kann d’Firma a sengem Land viru Geriicht huelen.
- D’Plattform respektéiert d’Rechter vun de Clienten, andeems déi elo de Locataire fir Schied verkloe kënnen.
- Airbnb ännert an Zukunft keng Konidtiounen, ouni d’Konsumenten dorop opmierksam ze maachen. D’Cliente kréien an deem Fall och d’Méiglechkeet, hire Kontrakt z’annuléieren.
All d'Ännerunge vun Airbnb (Fact-Sheet vun der EU-Kommissioun op Englesch)