Signaler aus dem WeltraumAll 16 Deeg komme mysteriéis Radioblëtzer op der Äerd un

RTL Lëtzebuerg
Aus enger Galaxie ronn 500 Millioune Liichtjoren vun der Äerd ewech kommen dës Signaler hir. Dëst kéint en Unzeeche fir ausserierdescht Liewe sinn.
© HO / ESA/Hubble / AFP

Et ass eng Fro, mat där Mënschheet sech scho laang befaasst: Si mir eleng am grousse wäiten Universum oder ginn et iergendwou aner Liewensformen, vun deene mir allerdéngs näischt wëssen? Elo gëtt et nees Unzeechen, déi d’Theorie vun ausserierdeschem Liewe kloer ënnerstëtze géifen. Wat huet et domadder op sech a wëllen Ausserierdescher Kontakt mat Mënschen ophuelen?

E Grupp vun internationale Fuerscher huet mat Hëllef vun engem spezielle Radioteleskop, dat a Kanada steet Radioblëtzer entdeckt, déi an engem bestëmmte Rhythmus op der Äerd empfaange ginn, sougenannte “Fast Radio Bursts”. Genee 16,35 Deeg Ofstand ass tëscht deene Signaler, allerdéngs weess keen, vu wou dës Signaler genee hierkommen, respektiv vu wiem oder wat se kommen. Dës Signaler komme 4 Deeg laang all Stonn 1-2 mol bei eis un, an dann 12 Deeg ebe guer näischt.

Et kann een op alle Fall mol soen, dass d’Signaler ronn 500 Millioun Liichtjoren vun eis ewech aus enger Spiralgalaxie, also änlech eiser Mëllechstrooss kommen. Well dës Radiossignaler a sou engem bestëmmte Rhythmus bei eis ukommen, kann een dovunner ausgoen, dass et eventuell Wiese kéinte sinn, déi Kontakt mat eis ophuele wëllen oder dass et Signaler sinn, déi op alle Fall vun enger ausserierdescher Technologie kommen.

Ënnert anerem de bekannten Havard-Physiker Abraham Loeb geet vun sou enger Erklärung zum Beispill aus. Eng weider Erklärung déi plausibel ass, sinn déi sougenannten Neutrone-Stären, déi rotéieren an esou staark magnéitesch Felder periodesch op d’Äerd schécken.

Back to Top
CIM LOGO