
Ëmmerhin 21% vun de Befroten hunn dës Method schonn emol gewielt, sou den Hightechverband Bitkom. Dat wär deemno déi drëttheefegst Manéier fir Schluss ze maachen, no engem traditionelle Gespréich oder dem Uruff.
Gläichzäiteg koum awer eraus, dass 83% vun de Befroten, dass d’Schlussmaache per SMS generell net an der Rei ass. Als legitim gesinn dat nëmmen 15%. En Ënnerscheed tëscht Fraen a Männer gëtt et keen, allerdéngs beim Alter. An der Altersgrupp 16 bis 29 Joer war d’Method per SMS oder Messenger bei 26% acceptéiert, bei deenen iwwer 65 Joer waren et just 2%.
Bei dëser Ëmfro hunn 1007 Leit vu 16 Joer u matgemaach.