
Gutt 2 Woche sinn et nach bis Halloween a wéi all Joer geet d’Rätselen ëm de Kostüm vum Heidi Klum un. Gouf et viru kuerzem en Indice Nummer 1, als wat sech d’Model dëst Joer eventuell kéint verkleeden, gouf et e Freideg direkt deen zweeten Indice. Ma nach ëmmer näischt Konkretes.
Dem Heidi Klum hir Halloween-Kostümer si legendär, genee wéi hir Partyen ëm dee grujelegen Dag. Schonn d’lescht Joer huet d’Model e grousst Geheimnis ëm hire Kostüm gemaach...